
Music Acts
Stones in Vibration bréngt een diverse Mix u bekannten an talentéierte lëtzebuergeschen Artisten zesummen. Verschidde vum Genre hier mee eppes hunn se all gemeinsam – si wësse wéi een d’Bün rockt an d’Beeforter Schlass zum Danze bréngt!

Nosi
Den NOSI ass ee lëtzebuergeschen DJ a Produzent, dee séier vun intime lokale Gigs op Major Stages geklomm ass a sech een Numm fir sech selwer gemaach huet dank senge Sets, déi Energie, Melodie an eng staark perséinlech Signature kombinéieren. Seng steigend Präsenz huet him Support vun, ënnert anerem, dem Arodes a John Summit verdéngt. Aktuell konzentréiert sech den NOSI dorops Musek ze produzéieren, déi hir Originnen aus energie-geluedenem Afro House an melodeschem House zitt. Béides Genren, déi him erlaben säin emotionellen Drive an seng Produktioune rafléissen ze loossen.
MAIN STAGE22:00
Discover moreEva Marija
D'Eva Marija, déi 19-Joer al Kënschtlerin, déi aktuell Songwriting zu London studéiert, kombinéiert soulful an expressiivt Storytelling mat hirer Ausbildung um Conservatoire de Luxembourg a schaaft domat en eenzegaartege Sound tëscht Folk, Soul a Pop.
MAIN STAGE16:45
Discover more
Francis of Delirium
D’Jana Bahrich verkierpert d’Definitioun vun der moderner Kënschtlerin. D’Artistin mëscht dat meescht selwer, vum Schreiwen, iwwert d’Produktioun bis d’Direktioun. Dëst dréit, ënnert anerem, zu der eenzegaarteger Identitéit vu Francis of Delirium bäi. Mat hire Rock-Beichten otemt Francis of Delirium dem Genre neit Liewen an, an dem Jana seng kënschtleresch Kontributiounen, a Form vu Biller, schafen eng markant Design Ästhetik.
MAIN STAGE15:15
Discover more
Irem
D’Irem bréngt eng frësch a staark Perspektiv an d’Musekszeen ran, an där ee kloer hir däitsch-türkesch Originnen erkenne kann.
MAIN STAGE18:15
Discover moreSamwell
De Samwell huet seng DJ-Karriär 2019 gestart mat enger Rei vun Optrëtter uechterd’Land. Seng Sets ginn als Hybridsound aus melodeschem Techno an Afro House beschriwwen.
MAIN STAGE20:00
Discover more
Nikki Ninja & d'Wibbeldidubs
D’Aventure vum Nikki Ninja ginn 2026 weider, méi spannend wéi jee! No engem éischten Album, deen d’Leit begeeschtert huet, kënnt d’Nikki Ninja mat engem zweeten Album zréck an enger neier Formatioun: Nikki Ninja & d’Wibbeldidubs! Nei Kläng, Slam mat vill Bedeitung an eng eenzegaarteg Energie waarden op iech.
MAIN STAGE12:15
Discover more
Don Piano
Den Don Piano ass den Häerzensprojet vum John Wolter, e lëtzebuergeschen Drummer, Komponist, Sänger a Museksproduzent.
MAIN STAGE13:45
Discover more