Animatiounen

Animatiounen

Eis Animatioune versetzen Iech an eng magesch Welt, wou Spaass a Faszinatioun grouss geschriwwe ginn. De ganzen Dag iwwer erwaarden Iech verwonsche Shows, déi Jonk an Al begeeschtere wäerten.

Stelzentheater CIRCOLO

Säit 2004 trëtt den Stelzentheater Circolo mat sengen "Walking Acts" op onzielege Festivalen an Eventer op. Mol witzeg, mol turbulent mee eent ass secher: d’Stelzefiguren suergen emmer fir een onvergiesslecht Highlight!

Jonn Happi

Den Jonn Happi, e Freestyler, lieft de Moment. Hien ass begeeschtert vun der Géigewaart, allem wat authentesch ass, de Pannen a Feeler mat alle Niewewierkungen. Sief et romantesch-hektesch Jonglerie, riskéiert Gläichgewiichts- routinen oder zäitgenësseschen Danz. Den Jonn Happi beräichert de Moment fir déi ganz Famill.

Augmented Reality

Stones in Vibration bréngt d'Legende vu Lëtzebuerg mat Hëllef vun der Augmented Reality zum Liewen. D'Beeforter Schlass Ruine ginn zu engem interaktive Wanderwee duerch d'Lëtzebuerger Geschicht a loosse Familljen sou wéi Touriste fënnef Legende kenne léieren oder rementdecken: Jasmännchen, Melusina, Muselshond, Wichtelcher vu Beggen, a Le Trésor d'or de Consdorf. Scannt ganz einfach ee QR Code an erlieft déi fënnef Legenden an dräi Sproochen: EN, LU & FR.