Praktesch Informatiounen

Praktesch Informatiounen

TIMETABLE

11:00 Dieren 

 

12:15-13:00 Nikki Ninja & Wibbeldidubs 

 

13:00-13:45 Jonn Happi - Confetti Show 

 

13:45-14:30 Don Piano 

 

14:00-15:00 Jonn Happi - Circus Workshop 

 

15:00-16:00 Stilts-Theatre CIRCOLO 

 

15:15-16:00 Francis of Delirium 

 

16:00-16:45 Jonn Happi - Confetti Show 

 

16:30-17:30 Stilts-Theatre CIRCOLO 

 

16:45-17:30 Eva Marija 

 

17:15-18:15 Jonn Happi - Circus Workshop 

 

18:00-19:00 Stilts-Theatre CIRCOLO 

 

18:15-19:00 Irem 

 

20:00-22:00 Samwell 

 

22:00-23:30 NOSI

PARKING AN NAVETTEN

Zu Beefort fannt Dir 3 Parkingen, déi Dir op der Kaart kucke kënnt. D’Plaze sinn awer limitéiert a mir roden Iech un déi ëffentlech Transportméiglechkeeten, wa méiglech, ze prioriséiere fir eventuell Enttäuschungen ze evitéieren an d’Duerf vun iwwerflëssegem Verkéier ze entlaaschten. 
Wann Dir Iech awer dozou entscheet mam Auto ze kommen, probéiert eng Fahrgemeinschaft ze bilden. Dir kënnt entweder zu Fouss oder mat de gratis Shuttlebusser, déi an reegelméissegen Ofstänn tëschent de Parkingen zirkuléieren, op de Festivalsite kommen. 
 
P1 bis bei d’Beeforter Schlass:  
17 min zu Fouss 
4 min mam Shuttle 
 
P2 bis bei d’Beeforter Schlass: 
14 min zu Fouss 
3 min mam Shuttle 
 
P3 bis bei d’Beeforter Schlass: 
14 min zu Fouss 
3 min mam Shuttle 

Mam ëffentlechen Transport

D’Parkingsméiglechkeeten zu Beefort si limitéiert a mir roden iech, déi ëffentlech Transportméiglechkeeten, sou gutt wéi méiglech, ze notzen. Eis recommandéiert Strecke fannt dir hei!  
 
Zentrum 
Zuch vun Pfaffenthal-Kirchberg op Miersch → Bus 231 bis Beaufort Härewiss 
Bus 201 vun Limpertsberg Theater bis Gonderdange Am Duerf → Bus 222 bis Beaufort Härewiss 
Bus 222 vun Kirchberg Gare routière Luxexpo bis Beaufort Härewiss 
 
Süden 
Zuch vun Esch-sur-Alzette op Miersch → Bus 231 bis Beaufort Härewiss 
Zuch vun Diddeleng op Beetebuerg → Zuch vun Beetebuerg op Miersch → Bus 231 bis Beaufort Härewiss 
 
Norden 
Zuch vun Woltz op Kautenbauch Gare → Zuch vun Kautebaach Gare bis Miersch → Bus 231 bis Beaufort Härewiss 
Bus 191 vun Diekrch Gare routière bis Beaufort Härewiss 
Bus 191 vun Ettelbruck Gare bis Beaufort Härewiss 
Zuch vun Ettelbreck op Miersch → Bus 231 bis Beaufort Härewiss 
 
Osten 
Bus 191 vun Echternach Gare bis Beaufort Härewiss 
Bus 271 vun Grevenmacher Gare bis Echternach Gare → Bus 191 bis Beaufort Härewiss 
 
 

ACCESSIBILITEIT

Stones in Vibration fënnt am Beeforter Schlass statt, engem historesche Site, wou et déi eng oder aner Pente an onreegelméisseg Plazen am Buedem gëtt.  
Mir maachen eist Bescht fir den Accès wärend dem Festival jidderengem ze erméigleche, mee kënne leider net garantéieren, dass de ganze Site vollkomme mam Rollstull accessibel ass.