Samwell
De Samwell huet seng DJ-Karriär 2019 gestart mat enger Rei vun Optrëtter uechterd’Land. Seng Sets ginn als Hybridsound aus melodeschem Techno an Afro House beschriwwen.
MAIN STAGE20:00

SENGEM SOUND TREI
Wärend dem Lockdown 2020, huet de Samwell ugefaangen seng eege Musek ze produzéieren a säin zweeten Track “Very Soon” huet et fäerdeg bruecht viral ze goe mat iwwer 2 Millioune Streams op Spotify. Säitdeem huet heen eng Rei aner Tracks mat respektéierte Labels produzéiert a konzentréiert sech lo op Afro House. Säin éischte Release vun deem Genre kënnt deemnächst raus. De Samwell ass haut ee vun de meescht gebuchten DJs zu Lëtzebuerg a support international Stars wéi Dixon, Guy Gerber, Ivory, Animal Picnic, Musumeci, Kapibara, a Kimman. De Samwell bleift sengem Sound trei a weess wéi ee Leit zum Danze beweegt a sou gëtt all eenzelnen vu senge Gigs eng onvergiesslech Erfarung.