
Nosi
Den NOSI ass ee lëtzebuergeschen DJ a Produzent, dee séier vun intime lokale Gigs op Major Stages geklomm ass a sech een Numm fir sech selwer gemaach huet dank senge Sets, déi Energie, Melodie an eng staark perséinlech Signature kombinéieren. Seng steigend Präsenz huet him Support vun, ënnert anerem, dem Arodes a John Summit verdéngt. Aktuell konzentréiert sech den NOSI dorops Musek ze produzéieren, déi hir Originnen aus energie-geluedenem Afro House an melodeschem House zitt. Béides Genren, déi him erlaben säin emotionellen Drive an seng Produktioune rafléissen ze loossen.
MAIN STAGE22:00

E SOUND FIR D'DANZFLäch
Duerch de weidere Wuesstum vu senger Karriär, raffinéiert sech säi Sound och konstant mat dem Release vun neie Songs. D’Joer 2025 markéiert ee massiven Duerchbroch a senger Musekskarriär: seng Single “So Good” geet viral mat iwwer 50 Millioune Streams a placéiert seng Musek an de Playlists vun enger weltwäiter Audience. Dëse Momentum huet zu nenneswäerte Kollaboratioune geleet, wéi villzelleg Optrëtter op internationale Stages, sou wéi säin Debut um Tomorrowland. Tëscht neier Musek, Kollaboratiounen a Live Shows, entwéckelt den NOSI weider e Sound, deen op d’Danzfläch gehéiert.