
Francis of Delirium
D’Jana Bahrich verkierpert d’Definitioun vun der moderner Kënschtlerin. D’Artistin mëscht dat meescht selwer, vum Schreiwen, iwwert d’Produktioun bis d’Direktioun. Dëst dréit, ënnert anerem, zu der eenzegaarteger Identitéit vu Francis of Delirium bäi. Mat hire Rock-Beichten otemt Francis of Delirium dem Genre neit Liewen an, an dem Jana seng kënschtleresch Kontributiounen, a Form vu Biller, schafen eng markant Design Ästhetik.
MAIN STAGE15:15

Haart trëfft op lues
Live sinn Francis of Delirium d’Jana (Gittar & Vocals), de Jeff Hennico (Bass) an den Denis Schumacher (Drums). Zesummen hunn si eng brillant Dynamik wou haart op lues zesummen trëfft. Des Dynamik mëscht aus hinnen eng eenzegaarteg Band, déi an de 5 leschte Joer duerch Europa an Nordamerika getourt sinn, wou si Headline Showen a Festivaller gespillt hunn sou wéi mat groussen internationalen Artiste (Blondshell, Briston Maroney, The Districts, Horsegirl a Soccer Mommy) getourt sinn. Sie waren zousätzlech och Support Act fir The 1975, Alanis Morissette, DIIV a Wolf Alice.